Schoulgaart
Wir Kinder haben festgestellt, dass unser Schulhof noch zu wenig Grünflächen hat. Zwar hat der Kindergemeinderat bereits Hochbeete aufgestellt, doch diese reichen bei so einem großen Hof kaum. Deshalb hat sich die Klasse des Zyklus 4.1 entschieden, selbst aktiv zu werden und einen Schulgarten anzulegen. Zuerst wurde der Mulch hinter dem Schulgebäude entfernt und stattdessen…
Poppenzauber am C1
Virun der Vakanz war d’Carine Kayser bei eis op Besuch. Si gouf mat hirem fantastesche Poppentheater vun de Kanner mat groussem Applaus begréisst! Fir déi 12 C1-Klassen huet si eng Rei magesch Geschichten op d’Bün bruecht. Vun décke Wëllschwäi bis lëschteg Leit war fir jiddereen eppes dobäi! Besonnesch schéin: Eis Kanner si matten an d’Geschichten agedaucht. Si hu gelaacht, gestaunt, gefrot a matgemaach. Et war eng richteg Rees an d’Welt…
Kolonie zu Munzen
Ufank Mee ass de Cycle 2 fir zwou Nuechten op Munzen an d’Kolonie gefuer. Direkt den éischten Dag hunn si eng lecker Äppeltäsch gebak. Dat huet net just gutt geroch, mee och super geschmaacht! Duerno hunn d´Kanner d´Déiere gefiddert. Besonnesch flott war och den Tour mat der Päerdskutsch duerch d’Natur. Awer domat net genuch: an…
Floumaart
Umellung
Kanner hëllefe Kanner – Eng Talentshow mat Häerz
Ënnert dem Motto „Kanner hëllefe Kanner“ huelen d’Schülerinnen a Schüler vum Zyklus 4 d’Saach selwer an d’Hand: Si organiséieren eng Talentshow, wou si hir Kreativitéit, hiert Kënnen an hiren Engagement weisen. Ob Gesang, Danz, Akrobatik, Zauberei oder Comedy – op der Bün ass alles erlaabt, wat de Public begeeschtert! Mee dës Show ass méi wéi just Entertainment. D’jonk Organisateure verfollegen e…
Kleng Hänn – Grouss Artisten
Dës Woch hunn eis jéngst Schoulkanner bewisen, dass och kleng Hänn ganz grouss Konscht schaffe kënnen! Am Kader vun engem kreative Projet hunn d’Kanner aus dem Cycle 1 eng Ausstellung fir hir Elteren organiséiert. Si hunn sech dobäi un de Kënschtler James Rizzi a Wassily Kandinsky inspiréiert. Am Viraus hunn d’Kanner déi zwee Kënschtler entdeckt: Si hu geléiert, wéi den James…
Schoulsportsdag 2025
Des Woch huet sech eist Duerf an eng richteg Sportsarena verwandelt: 9 Klassen aus dem Cycle 3 hunn um traditionelle Schoulsportdag deelgeholl. Scho moies war d’Stëmmung voller Energie: Kanner an der Turntenue a gudder Laun hunn sech versammelt – prett fir en Dag voller sportlecher Erausfuerderungen. Um Programm stounge villfälteg Aktivitéiten: Volleyball, Basketball, Petanque, Pingpong, Aikido an nach vill méi! Besonnesch flott war…
Zesumme fir eng gutt Saach
D’Kanner aus dem Cycle 3 hu mat vill Engagement, Kreativitéit an Häerz dëst Joer e faarwegen Ouschtermaartorganiséiert. Si hu wochelaang gemoolt, gebastelt a gebak, fir flott Ouschterdeko ze verkafen. Den Asaz huet sech gelount: 3126,20 Euro sinn dobäi zesummekomm – e super Resultat! D’Geld gouf komplett un d’ONG Tsara Fo gespent. Dës lëtzebuergesch Organisatioun ënnerstëtzt déi äermst Bevëlkerung am Süde vu Madagaskar, besonnesch an der Regioun Fort…
Mitbewohner auf 6 Beinen
Vor einem Monat sind unsere neuen Mitbewohner eingezogen. Sie zahlen keine Miete, machen aber auch keinen Lärm. Sie haben sechs Beine, zwei Fühler und sind braun. Na, habt ihr es schon erraten? Richtig, es sind Ameisen! Ganze 50 davon. Unsere kleinen Mitbewohner sind Ameisen der Art Messor orientalis. Diese stammen aus Laos, Nam Cam. Messor…