Chrëschtmaart vum C2
D´Kaner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech ganz häerzlech op hiere Chrëschtmaart am Centre Atert.
Weider liesenNei Stëmme fir eis Gemeng
Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert. Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn…
Weider liesenAus dem Buedem op den Teller
D’Klasse vun der Joffer Stéphanie an der Joffer Liz hunn d´läscht Woch d’Schoulbänk géint hier Gummisstiwwele getosch. Si sinn op de Bauerenhaff „A Schmatten“ gefuer. Um Haff goufen d’Kanner häerzlech empfaangen. Mat Hänn, Spuet a vill Energie hunn d’Schüler a Schülerinne Grompere geraf. Duerno ass et direkt weider an d´Kiche gaang. D´Knolle goufe geschielt a…
Weider liesenEis Schoulcharta
An eiser Schoul ass d´Schoulcharta méi wéi just e Blat Pabeier. Si ass e Verspriechen, dat all Kand ënnerschreift an aktiv am Alldag lieft. Eis wichtegst Wäerter sinn: Respekt: Mir si léif a manéierlech mateneen a respektéieren och materiell Objeten. Engagement: Mir komme pünktlech a virbereet an d´Schoul a ginn all Dag eist Bescht. Toleranz: Jiddereen däerf si…
Weider liesenRentrée
Zanter Deeg wibbelt et an all Eck vun eiser Schoul. D’Enseignanten hunn sech mat vill Virfreed op dat neit Schouljoer virbereet. Och doheem goufe Schoulsäck gepaakt a Kleeder erausgesicht fir de groussen Dag. Haut ass et endlech esou wäit. Mir starten zesummen an e neit Joer, mat ville bekannte mee och neie Gesiichter, bei de…
Weider liesenSchoulfest 2025
E Freideg war et erëm souwäit: D’APECB huet hiert wéi all Joer d´Schoulfest am Duerfgaart organiséiert. Nieft de villen Iessen- a Gedrénksstänn goufen et och vill flott Aktivitéite fir d’Kanner. D’APECB ass eng Grupp vu benevollen Elteren. Am Laf vum Joer organiséiert d’APECB verschidden extraschoulesch Aktivitéiten an der Gemeng Bartreng, fir d’Frëndschaften tëscht de Kanner ze stäerken an och…
Weider liesenHues de héieren – Episode 4
An hirem drëtten Episode vum Podcast hunn sech d’Kanner op eng spannend Recherche gemaach: Si wollten erausfannen, wéi et eigentlech zu hirer neier Maison Relais komm ass. Fir dës Fro ze klären, sinn si direkt bei d’Quell gaangen: Si hunn e flott Gespréich mam Buergermeeschter Youri de Smet gefouert, deen hinnen erkläert huet, wéi d’Iddi fir eng nei Maison Relais entstanen ass. En…
Weider liesenKanner hëllefe Kanner
Als Ofschloss vun hirem Projet Kanner hëllefe Kanner hunn d´Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 4 e Scheck iwwer 3317 Euro un d´Fondation Ile aux clowns iwwerreecht. Des Suen hunn si op hirer Talentshow gesammelt!
Weider liesenVisite Essentiel
Eis Klass war op Besuch bei der Redaktioun vum „L’Essentiel“ an och bei der Radiostatioun. Do hu mir vill spannend Leit kennegeléiert: den Direkter, de Chefredakter, de Graphist an nach vill aner Mataarbechter, déi zesummen den Zeitungsinhalt gestalten. Mir duerften esouguer live an der Radiossendung schwätzen! Dës Visitt war richteg interessant a mir haten all…
Weider liesen