RESPEKT
- Ech si léif mat jidderengem.
- Ech passen op all d’Saachen an der Schoul op.
- Ech si manéierlech.
TOLERANZ
- Ech dierf esou sinn ewéi ech sinn.
- Jiddereen huet d’Recht d’selwecht behandelt ze ginn.
- Ech akzeptéiere verschidde Meenungen.
ENGAGEMENT
- Ech versichen ëmmer mäi Bescht ze ginn.
- Ech komme pünktlech an d’Schoul.
- Ech komme gutt preparéiert an d’Schoul:
- Ech hunn all meng Saachen.
- Ech maache meng Hausaufgaben a meng Verbesserungen.
KOMMUNIKATIOUN
- Mir schwätze manéierlech mateneen.
- Lëtzebuergesch ass eis gemeinsam Sprooch.
- Ech lauschtere jidderengem no.
- Ech soen ëmmer d’Wouerecht.