Eng Nooricht an de Weltall
Eis Missioun mam Astro Pi
D’Kanner aus dem Cycle 3.1 hunn dëst Schouljoer un engem ganz aussergewéinleche Projet deelgeholl: Astro Pi – Mission Zero. Dëse Projet vun der European Space Agency erméiglecht Kanner aus ganz Europa, hir éischt Programmer ze schreiwen an dës op der Internationaler Raumstatioun (ISS) ausféieren ze loossen. Dat ass eng eemoleg Geleeënheet, fir Programméieren ze léieren an dobäi gläichzäiteg e Stéck Weltall ze entdecken.
Fir d’éischt hunn d’Kanner geléiert, wéi ee mat einfache Programméierbefehler schafft. Mat vill Fantasie hu si kleng Pixelbiller entworf: Reebéi, Astronauten, Blummen, Beem a Sonnelandschaften. Dobäi stoung all Buschtaf fir eng bestëmmte Faarf, déi spéider um Computer an e richtege Code ëmgewandelt gouf.
De 14. November si si zesumme mat anere Schoulklassen op de Geesseknäppchen gefuer. Do hunn si an Zweeërgruppen hir Konschtwierker mat Python programméiert. Mat vill Gedold a Teamgeescht hunn si hir éischt Schrëtt als Programméierer gemeeschtert.
Den Héichpunkt vum Dag war e Live-Videoappel mat engem Astronaut vun der International Space Station. Hien huet erkläert, wéi d’Liewen op der Raumstatioun ausgesäit a wéi d’Programmer vun de Kanner an de Weltall geschéckt ginn. D’ISS ass déi gréisst Raumstatioun op der Äerdëmlafbunn a kreest an ongeféier 400 Kilometer Héicht ëm eis Äerd. Si mécht all ronn 90 Minutten eng Ëmkreesung an ass domat méi wéi 16 Mol den Dag ronderëm d’Äerd ënnerwee. Do schaffen Astronauten aus verschiddene Länner zesummen un Experimenter aus de Beräicher Wëssenschaft, Technologie a Medezin.
Duerno huet et nach e bëssen Zäit gedauert, bis déi grouss Noriicht koum: De 17. Mee um 17:51 Auer ass de Programm vun de Kanner op der ISS ausgefouert ginn. Zu deem Zäitpunkt huet d’Raumstatioun sech iwwer Südamerika befonn. Fir ronn 30 Sekonne konnten d’Astronauten hiert Bild um Astro-Pi-Computer gesinn – e ganz besonnesche Moment, op dee jidderee houfreg ka sinn. All Equipe krut als Erënnerung en Zertifikat mat der exakter Zäit an der Positioun vun der ISS, wéi hire Programm am Weltall gelaf ass.
Nieft dëser eenzegaarteger Erfarung hunn d’Kanner virun allem vill Neies geléiert. Si hunn déi éischt Grondlage vum Kodéieren entdeckt, Problemer zesumme geléist an och mat Roboteren experimentéiert. De Projet huet gewisen, datt Informatik spannend, kreativ a voller Aventuren ass.
