Science Mobil

De Science Mobil kënnt vum 11.06.-21.06.24 bei eis an d’Schoul vir de Cycle 3 a Cycle 4, dëst mam Thema « Einblick in die Evolution ». Duerch fuerschend Aktivitéite kréien si en Abléck an d’Theme vun der DNA, den Déierenaarten an der Evolutioun vun de Liewewiesen.

Weider liesen

Sportsdag Cycle 3

De Cycle 3 organiséiert en Donneschdeg de 23.Mee am Kader vun der Schoul-Sport-Woch verschidde Beweegungsatelieren: Volleyball, Fussball, Tennis, Dëschtennis a Rolzen. Hei stinn d’Beweegung, den Ekippegeescht, d’Freed un der Beweegung, d’Sensibiliséierung an d’Gesondheet vun de Kanner am Vierdergrond.

Weider liesen

Sportsdag Cycle 2

E Freideg de 24.Mee geet de Cycle 2 am Kader vun der Schoul-Sport-Woch Vëlo fueren. Esou ginn ënner anerem d’Beweegung an der Natur, den Zesummenhalt als Grupp an d’Gesondheet vun de Kanner gefërdert. Mir freeën eis op eng aktiv Sortie!

Weider liesen

Miniredaktioun on air

Mir Kanner aus dem Cycle 3.2 hunn an de leschte Wochen un engem Reportage iwwert den Absolut Bertrange geschafft. Nieft Interviewe mat den Organisateuren a Musiker hu mer eis och de Radiosender ARA ugekuckt an eng Liveshow materlieft. No eise Recherchë sinn nieft enger Radiosemissioun och e Reportage fir d´Kannerzeitung Piwitsch entstan. De ganze Reportage…

Weider liesen