Schoulfest 2026

D’Elterevereenegung vun der Gemeng Bartreng huet d’Freed, Iech op hiert Schoulfest den 10. Juli anzelueden. Vill flott Aktivitéiten a Concerten stinn um Programm. Et geet direkt no der Schoul am Duerfgaart lass. Kommt bis laanscht !  

E schéine Bonjour

 D’Kanner aus dem Cycle 4 hunn eng ganz spannend an onvergiesslech Woch un der belscher Plage verbruecht. D´Kanner hunn immens vill Zäit dobausse verbruecht. Nieft Sandschlässer bauen a Minigolf spillen hunn si vill vun der schéiner Natur profitéiert. Besonnesch interessant war awer de Besuch bei der Seehund-Rettung. Do hunn d’Schüler vill Neies iwwer d’Liewe vun de…

Eltere Forum

Deutsche Version Lëtzebuergesch Versioun Version française English version Versão portuguesa

Stëmmen aus der Zäit vum Krich

D’Schüler*innen aus dem Cycle 4.2 haten haut e besonnesche Besuch: Si hunn eng Zäitzeien empfaangen, déi aus éischter Hand vum Zweete Weltkrich erzielt huet. Besonnesch beandrockend waren der Mme Martha Wagner hir Erzielungen iwwer den Alldag vun de Leit zu Lëtzebuerg wärend der Krichszäit. Gedëlleg huet si déi vill Froen aus der Klass beäntwert an…

Virliesconcours 2026

Am Zyklus 4 hunn all d’Kanner an hire Klassen intensiv d’Virliesen geüübt fir kënnen um nationale Virliesconcours deelzehuelen. Aus all Klass gouf dunn e Klassengewënner oder Gewënnerinnen nominéiert. Dës hu sech e Freideg an der Arca virun der ganzer Schoul presentéiert a mat flotten Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch begeeschtert. Eng Jury aus Kanner…

Nei Stëmme fir eis Gemeng

Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert. Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn…

Hues de héieren – Episode 4

An hirem drëtten Episode vum Podcast hunn sech d’Kanner op eng spannend Recherche gemaach: Si wollten erausfannen, wéi et eigentlech zu hirer neier Maison Relais komm ass. Fir dës Fro ze klären, sinn si direkt bei d’Quell gaangen: Si hunn e flott Gespréich mam Buergermeeschter Youri de Smet gefouert, deen hinnen erkläert huet, wéi d’Iddi fir eng nei Maison Relais entstanen ass. En…

Kanner hëllefe Kanner

Als Ofschloss vun hirem Projet Kanner hëllefe Kanner hunn d´Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 4 e Scheck iwwer 3317 Euro un d´Fondation Ile aux clowns iwwerreecht. Des Suen hunn si op hirer Talentshow gesammelt!  

Reuse – Reduce – Recycle

Wochelaang hu verschidde Klassen un engem Floumaart geschafft, fir ënner dem Motto Reduce, Reuse, Recycle hir Klasserees ze finanzéieren. Op insgesamt 32 Stänn goufe Kleeder, Spillsaachen, Planzen an och Konschtwierker ausgestallt a verkaaft. Och wann d’waarmt Wieder de Kanner alles ofverlaangt huet, hunn si duerchgehalen a mat vill Fläiss geschafft. De Kannergemengerot war och um Start an huet hire Projet…

1. Präis Maach Math

Mir sinn ganz houfreg op d’Klass vun der Madame Diane Didling, déi dëst Joer déi éischt Plaz an hirer Kategorie beim Maach Math-Concours erreecht huet. Maach Math ass e spannenden Teamwettbewerb, bei deem d´Schüler a Schülerinnen hir logesch a mathematesch Fäegkeeten op d’Prouf stellen. Je no Alterskategorie hunn d’Klassen tëscht fënnef a siwen Problemer a…