Nei Stëmme fir eis Gemeng

Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert.

Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn ofginn, ganz geheim, wéi bei de Groussen. Duerno goufen d’Stëmmen ausgezielt. De Buergermeeschter zesumme mat deenen zwee Schäffen haten d’Éier, déi nei Memberen offiziell z’ernennen.

Mir begréissen elo de Charbel, Louis, Arnaud, Arthur, Mikka, Erik, Eloann, Leo, Aaron, Mathis, Robert a Lenny souwuel wéi d´Julie an d´Amélia.

Wou ee gewënnt, do verléiert een aneren. Mir soen all de Kanner e grousse Bravo, déi sech getraut hunn sech ze mellen. Och wann et des Kéier net duer gaangen ass, encouragéiere mir si, et d´nächst Joer nach eng Kéier ze probéieren.

Katégorie: , ,