Eng Nooricht an de Weltall
Eis Missioun mam Astro Pi D’Kanner aus dem Cycle 3.1 hunn dëst Schouljoer un engem ganz aussergewéinleche Projet deelgeholl: Astro Pi – Mission Zero. Dëse Projet vun der European Space Agency erméiglecht Kanner aus ganz Europa, hir éischt Programmer ze schreiwen an dës op der Internationaler Raumstatioun (ISS) ausféieren ze loossen. Dat ass eng eemoleg Geleeënheet, fir Programméieren ze…
Kanner hëllefe Kanner
Talentshow fir de gudden Zweck Den 13. Juli 2026 organiséieren d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 3.1 bis 4.2 am Lycée Josy Barthel eng Talentshow zugonschte vun SOS Kannerduerf. Op der Bün weisen eis Kanner hir villfälteg Talenter. Vu Gesang iwwer Turne bis hin zu Konschtstécker an aneren iwwerraschende Performancen ass fir jiddereen eppes dobäi. D’Publikum däerf sech op eng flott an ofwiesslungsräich Show freeën. SOS Kannerduerf Lëtzebuerg setzt sech fir…