Kanner hëllefe Kanner

Talentshow fir de gudden Zweck

Den 13. Juli 2026 organiséieren d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 3.1 bis 4.2 am Lycée Josy Barthel eng Talentshow zugonschte vun SOS Kannerduerf.

Op der Bün weisen eis Kanner hir villfälteg Talenter. Vu Gesang iwwer Turne bis hin zu Konschtstécker an aneren iwwerraschende Performancen ass fir jiddereen eppes dobäi. D’Publikum däerf sech op eng flott an ofwiesslungsräich Show freeën.

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg setzt sech fir Kanner, Jugendlecher a Familljen an, déi sech a schwierege Liewenssituatioune befannen. D’Organisatioun bitt hinnen Ënnerstëtzung, Begleedung an e séchert Ëmfeld, fir datt si sech gutt entwéckele kënnen.

Mat Ärem Besuch ënnerstëtzt Dir net nëmmen eis jonk Talenter, mee och eng wichteg a wäertvoll Missioun. Den Erléis vun der Talentshow geet integral un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.

Mir freeën eis, Iech den 13. Juli 2026 begréissen ze däerfen, fir zesummen e flotte Moment ze verbréngen an dobäi e gudden Zweck z’ënnerstëtzen.

 

Katégorie: