Missioun Oofkillung
Bei dësen héijen Temperature muss och de Schoulsport un d’Wieder ugepasst ginn. Amplaz vu laangen a ustrengenden Aktivitéite stoung dës Kéier eng ganz besonnesch Erausfuerderung um Programm: eng frësch Waasserschluecht! Dobäi konnten d’Kanner hir Worfpräzisioun ënner Beweis stellen an och weisen, wéi vill Ausdauer si beim Lafen, Auswäichen a Fänken hunn. Mat vill Gelaachs, gudder…
Sportsdag C2
Haut huet den C2 säi Sportsdag gefeiert. D’Kanner konnten tëscht dräi Méiglechkeete wielen: eng 15-km-Vëlostour, eng 10-km-Streck oder sportlech Atelieren an der Schoul fir déi, déi kee Vëlo haten oder net konnte matfueren. Egal wéi eng Aktivitéit gewielt gouf, iwwerall gouf mat vill Freed, Asaz a Teamgeescht matgemaach. D’Cyclisten hunn d’Natur genoss an hir Ausdauer…
Kulinarik am Schoulgaart
D´Läscht Woch hunn d´Kanner aus dem Cycle 2 vill Zäit am Schoulgaart verbruecht. Do gouf gegruewen, gekuckt, geroch, gefillt – a virun allem vill geléiert! Mat vill Begeeschterung hunn d’Schülerinnen a Schüler déi verschidde Geméiszorten entdeckt an hir Nimm kennegeléiert. Besonnesch spannend war et, d’Kraider mat alle Sënner z’erliewen. D’Kanner hunn un de Blieder geriicht, se…
Kids on stage
Des Woch stoungen eis Kanner am Kader vun dengem Projet mat der UGDA op der Bün. Den Daniel Lässer vun der UGDA huet wärend zwee Trimesteren zesumme mat de Kanner fläisseg geprouft. Mat vill Motivatioun, Freed a Gedold hunn si Lidder geléiert an och kleng Dänz virbereet. Moies konnten d’Kanner hir Opféierung virun der Spillschoul…
Eltere Forum
Deutsche Version Lëtzebuergesch Versioun Version française English version Versão portuguesa
Liesnuecht am Beiestack
Den 22. Januar hate mir eng ganz besonnesch Liesnuecht am Beiestack. Mat vill Opreegung hu mir eis owes do versammelt an eis op e flotte Programm gefreet. Als éischt hunn eis Elteren spannend a lëschteg Geschichte virgelies. Mir hu gespaant nogelauschtert a sinn a ganz aner Welte getaucht. Duerno hu mer eis an de Schlofsak…
Mir gi mat eiser Lanter
Fir Liichtmëssdag hunn d’Kanner mat vill Freed faarweg Lampione gebastelt. Mat Schéier, Pabeier a vill Fantasie si richteg kleng Konschtwierker entstanen. Als éischt hu mir an der Schoul eise klengen Tuer gemaach fir fir déi grouss Kanner ze sangen. Duerno si mir mat eise Lampionen duerch d’Duerf gezunn.Bei de Leit hu mir gesongen an eis Liichter houfreg gewisen. Et…
Recycling Profis
D’Superdreckskëscht war am C2.1 op Besuch an hat eng ganz besonnesch Missioun dobäi: eng Schatzsich! Mat vill Begeeschterung hu mir zesummen no „Schätz“ gesicht, déi sech am Alldag verstoppen: Glas, Pabeier a Plastik. Dobäi hu mir geléiert, aus wat dës Materialien eigentlech gemaach ginn. Duerch Spiller a spannend Aufgaben hu mir verstanen, wéi wichteg et…
Chrëschtmaart vum C2
D´Kaner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech ganz häerzlech op hiere Chrëschtmaart am Centre Atert.
Musical C2
D´Kanner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech häerzlech op hiere Muscial Tuishi Pamoja, de 9. Juli an der Arca.