Mir gi mat eiser Lanter
Fir Liichtmëssdag hunn d’Kanner mat vill Freed faarweg Lampione gebastelt. Mat Schéier, Pabeier a vill Fantasie si richteg kleng Konschtwierker entstanen.
Als éischt hu mir an der Schoul eise klengen Tuer gemaach fir fir déi grouss Kanner ze sangen. Duerno si mir mat eise Lampionen duerch d’Duerf gezunn.Bei de Leit hu mir gesongen an eis Liichter houfreg gewisen. Et war eng flott Stëmmung, an eis Lidder hunn d’Duerf richteg verzaubert.
E schéine Moment vu Gemeinschaft, Liicht a Freed!
