Eng Nooricht an de Weltall

Eis Missioun mam Astro Pi D’Kanner aus dem Cycle 3.1 hunn dëst Schouljoer un engem ganz aussergewéinleche Projet deelgeholl: Astro Pi – Mission Zero. Dëse Projet vun der European Space Agency erméiglecht Kanner aus ganz Europa, hir éischt Programmer ze schreiwen an dës op der Internationaler Raumstatioun (ISS) ausféieren ze loossen. Dat ass eng eemoleg Geleeënheet, fir Programméieren ze…

Ofschlossconcert

D’Kanner aus de Klassen Altmann, Becker, Kettel a Neuens invitéieren Iech häerzlech op hire Concert, deen den Ofschloss vun hirem Schoulprojet mat der UGDA markéiert. Ënnert der Leedung vum Daniel Lasser hunn d’Kanner wärend dem Projet mat vill Begeeschterung geschafft a geüübt. Elo freeën si sech drop, d’Resultat vun hirer Aarbecht dem Public ze presentéieren.…

Kids on stage

Des Woch stoungen eis Kanner am Kader vun dengem Projet mat der UGDA op der Bün. Den Daniel Lässer vun der UGDA huet wärend zwee Trimesteren zesumme mat de Kanner fläisseg geprouft. Mat vill Motivatioun, Freed a Gedold hunn si Lidder geléiert an och kleng Dänz virbereet. Moies konnten d’Kanner hir Opféierung virun der Spillschoul…

Eltere Forum

Deutsche Version Lëtzebuergesch Versioun Version française English version Versão portuguesa

Nei Stëmme fir eis Gemeng

Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert. Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn…

Visite Essentiel

Eis Klass war op Besuch bei der Redaktioun vum „L’Essentiel“ an och bei der Radiostatioun. Do hu mir vill spannend Leit kennegeléiert: den Direkter, de Chefredakter, de Graphist an nach vill aner Mataarbechter, déi zesummen den Zeitungsinhalt gestalten. Mir duerften esouguer live an der Radiossendung schwätzen! Dës Visitt war richteg interessant a mir haten all…

Im Parc Merveilleux

Am Morgen des 07. Juli sind wir mit einem großen Bus in den Parc Merveilleux nach Bettembourg gefahren. Nach unserer Ankunft haben wir uns gleich auf den Weg gemacht, um die Tiere zu besichtigen. Wir sahen Erdmännchen, Affen und auch Capybaras. Im Gehege der Capybaras lebten außerdem Maras und Lamas. Danach gingen wir weiter zu…

Schoulfräi – Canicule

Schoulsportsdag 2025

Des Woch huet sech eist Duerf an eng richteg Sportsarena verwandelt: 9 Klassen aus dem Cycle 3 hunn um traditionelle Schoulsportdag deelgeholl. Scho moies war d’Stëmmung voller Energie: Kanner an der Turntenue a gudder Laun hunn sech versammelt – prett fir en Dag voller sportlecher Erausfuerderungen. Um Programm stounge villfälteg Aktivitéiten: Volleyball, Basketball, Petanque, Pingpong, Aikido an nach vill méi! Besonnesch flott war…

Zesumme fir eng gutt Saach

 D’Kanner aus dem Cycle 3 hu mat vill Engagement, Kreativitéit an Häerz dëst Joer e faarwegen Ouschtermaartorganiséiert. Si hu wochelaang gemoolt, gebastelt a gebak, fir flott Ouschterdeko ze verkafen. Den Asaz huet sech gelount: 3126,20 Euro sinn dobäi zesummekomm – e super Resultat! D’Geld gouf komplett un d’ONG Tsara Fo gespent. Dës lëtzebuergesch Organisatioun ënnerstëtzt déi äermst Bevëlkerung am Süde vu Madagaskar, besonnesch an der Regioun Fort…