Teambuilding am Mirador
D’Kanner aus dem C3 hunn e ganzen Dag um Mirador zu Stengefort verbruecht. Am Bësch hu si zesumme verschidde Spiller gespillt a spannend Aufgaben gemeeschtert. Dobäi war Teamgeescht gefrot: Si hu missten zesummenhalen, openee lauschteren a sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Esou si si als Grupp nach méi zesummegewuess.
Bei deem schéine Wieder dierft natierlech och e gemittleche Picknick an der frëscher Loft net feelen. Et war e gelongenen Dag mat vill Spaass a schéine gemeinsame Momenter!
