Musical C2

D´Kanner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech häerzlech op hiere Muscial Tuishi Pamoja, de 9. Juli an der Arca.  

Weider liesen

Reuse – Reduce – Recycle

Wochelaang hu verschidde Klassen un engem Floumaart geschafft, fir ënner dem Motto Reduce, Reuse, Recycle hir Klasserees ze finanzéieren. Op insgesamt 32 Stänn goufe Kleeder, Spillsaachen, Planzen an och Konschtwierker ausgestallt a verkaaft. Och wann d’waarmt Wieder de Kanner alles ofverlaangt huet, hunn si duerchgehalen a mat vill Fläiss geschafft. De Kannergemengerot war och um Start an huet hire Projet…

Weider liesen

Banowa

D’Kanner aus dem Zyklus 2 hu mat vill Freed a Kreativitéit e musikalescht Stéck op d’Bee gestallt: Banowa, eng Geschicht voller Spannung a Fantasie. An dësem Musical brauche verschidden Déieren d’Hëllef vun engem ale Bam. Mee deen ass nëmme bereet ze hëllefen, wann d’Déiere säin Numm erausfannen. Esou entsteet eng spannend Geschicht iwwert Zesummenhalt, Teamgeescht a…

Weider liesen

Kanner hëllefe Kanner: Talentshow fir de gudden Zweck

Wochelaang huet eng Klass aus dem Zyklus 4.2 mat vill Engagement un hirer eegener Talentshow geschafft. Vun de Castingen iwwer d’Sich no Sponsore bis hin zur ganzer Organisatioun hu si alles selwer an d’Hand geholl. Ganzer 11 Gruppe mat 33 Kanner hu gesongen, gedanzt, musizéiert oder geturnt. Mat vill Courage hu si dem Publikum gewisen,…

Weider liesen

1. Präis Maach Math

Mir sinn ganz houfreg op d’Klass vun der Madame Diane Didling, déi dëst Joer déi éischt Plaz an hirer Kategorie beim Maach Math-Concours erreecht huet. Maach Math ass e spannenden Teamwettbewerb, bei deem d´Schüler a Schülerinnen hir logesch a mathematesch Fäegkeeten op d’Prouf stellen. Je no Alterskategorie hunn d’Klassen tëscht fënnef a siwen Problemer a…

Weider liesen

Schoulfräi – Canicule

Weider liesen