Kanner hëllefe Kanner: Talentshow fir de gudden Zweck

Wochelaang huet eng Klass aus dem Zyklus 4.2 mat vill Engagement un hirer eegener Talentshow geschafft. Vun de Castingen iwwer d’Sich no Sponsore bis hin zur ganzer Organisatioun hu si alles selwer an d’Hand geholl.

Ganzer 11 Gruppe mat 33 Kanner hu gesongen, gedanzt, musizéiert oder geturnt. Mat vill Courage hu si dem Publikum gewisen, wat an hinne stécht, an dat ënner begeeschtertem Applaus.

Nodeems d’Jury déi zwou bescht Gruppe gewielt hat, konnt d’Publikum säi Favorit bestëmmen. Trommelwirbel: Veronica ass als Talent vum Joer gekréint ginn, knapp virun der Turngrupp, déi eng impressionant Choreographie gewisen huet.

De Gewënn vum Owend geet un d’Fondation Île aux Clowns, déi sech fir krank Kanner asetzt. E grousse Merci geet un d’Sponsore Schnéckert a Ruppert déi grousszügeg Done gemaach hunn.

E grousse Merci och un d´Kanner, d´Elteren an d´Schoulpersonal an d´Educateuren aus der Maison Relais, déi vill privat Zäit an den Owend gestach hunn. Mir freeën eis op déi nächst Editioun!

Katégorie: