Hues de héieren – Episode 4
An hirem drëtten Episode vum Podcast hunn sech d’Kanner op eng spannend Recherche gemaach: Si wollten erausfannen, wéi et eigentlech zu hirer neier Maison Relais komm ass.
Fir dës Fro ze klären, sinn si direkt bei d’Quell gaangen: Si hunn e flott Gespréich mam Buergermeeschter Youri de Smet gefouert, deen hinnen erkläert huet, wéi d’Iddi fir eng nei Maison Relais entstanen ass.
En plus haten d’Kanner d’Chance, mam James Martins aus dem SEA ze schwätzen. Hie konnt hinnen nach méi Detailer iwwert d’Aarbecht, d’Erausfuerderungen an d’Virdeeler vun der neier Struktur ginn.
D’Kanner waren houfreg, esou vill spannend Informatiounen aus éischter Hand ze kréien.
Lauschtert eran a loosst Iech vun hire Froen an de spannenden Äntwerten inspiréieren!