1. Präis Maach Math
Mir sinn ganz houfreg op d’Klass vun der Madame Diane Didling, déi dëst Joer déi éischt Plaz an hirer Kategorie beim Maach Math-Concours erreecht huet.
Maach Math ass e spannenden Teamwettbewerb, bei deem d´Schüler a Schülerinnen hir logesch a mathematesch Fäegkeeten op d’Prouf stellen. Je no Alterskategorie hunn d’Klassen tëscht fënnef a siwen Problemer a 50 Minutten misse léisen. Dëst erfuerdert net nëmme gutt mathematescht Wëssen, mee och vill Teamgeescht an Organisatioun. D’Kanner mussen sech ofschwätzen, d’Aarbecht opdeelen an heiansdo laang diskutéieren, fir déi richteg Léisung ze fannen.
Mir felicitéieren d’Klass vun der Madame Diane nach eng Kéier häerzlech fir dës exzellent Leeschtung!