Reuse – Reduce – Recycle
Wochelaang hu verschidde Klassen un engem Floumaart geschafft, fir ënner dem Motto Reduce, Reuse, Recycle hir Klasserees ze finanzéieren. Op insgesamt 32 Stänn goufe Kleeder, Spillsaachen, Planzen an och Konschtwierker ausgestallt a verkaaft. Och wann d’waarmt Wieder de Kanner alles ofverlaangt huet, hunn si duerchgehalen a mat vill Fläiss geschafft.
De Kannergemengerot war och um Start an huet hire Projet vun de Portabelen Äschebechere präsentéiert, den als Zil huet, d´Unzuel vun Zigarettestëmmel um Buedem ze reduzéieren.
Mat vill Engagement a Kreativitéit hunn d’Schülerinnen a Schüler gewisen, dass sech Nohaltegkeet a Spaass kombinéiere loossen.