Banowa
D’Kanner aus dem Zyklus 2 hu mat vill Freed a Kreativitéit e musikalescht Stéck op d’Bee gestallt: Banowa, eng Geschicht voller Spannung a Fantasie.
An dësem Musical brauche verschidden Déieren d’Hëllef vun engem ale Bam. Mee deen ass nëmme bereet ze hëllefen, wann d’Déiere säin Numm erausfannen. Esou entsteet eng spannend Geschicht iwwert Zesummenhalt, Teamgeescht a Frëndschaft.
D’Kanner hunn d’Zuschauer mat hirer Léift fir d’Detail an hirem Engagement beandrockt.
E grousse Merci geet un all d’Kanner an un all d’Léierpersounen, déi esou vill Zäit an Energie an dëse flotte Musical investéiert hunn.