Ofschlossconcert
D’Kanner aus de Klassen Altmann, Becker, Kettel a Neuens invitéieren Iech häerzlech op hire Concert, deen den Ofschloss vun hirem Schoulprojet mat der UGDA markéiert.
Ënnert der Leedung vum Daniel Lasser hunn d’Kanner wärend dem Projet mat vill Begeeschterung geschafft a geüübt. Elo freeën si sech drop, d’Resultat vun hirer Aarbecht dem Public ze presentéieren.
Et kann een sech op e flotte Programm freeën: Gesang, Danz a Body Percussion stinn um Programm a weisen déi villfälteg Talenter vun de Schülerinnen a Schüler.
De Concert fënnt de 9. Juli um 18.30 an der ARCA statt.
