Schoulsportsdag 2025
Des Woch huet sech eist Duerf an eng richteg Sportsarena verwandelt: 9 Klassen aus dem Cycle 3 hunn um traditionelle Schoulsportdag deelgeholl.
Scho moies war d’Stëmmung voller Energie: Kanner an der Turntenue a gudder Laun hunn sech versammelt – prett fir en Dag voller sportlecher Erausfuerderungen. Um Programm stounge villfälteg Aktivitéiten: Volleyball, Basketball, Petanque, Pingpong, Aikido an nach vill méi!
Besonnesch flott war et, dass Veräiner aus der Ëmgéigend sech Zäit geholl hunn, fir de Kanner an Atelieren hir Sportaarte méi no ze bréngen. Egal ob beim gezielte Worf am Petanque, beim schnelle Spill um Pingpongdësch oder beim rouege Kampf am Aikido – jidderee konnt eppes Neits entdecken. Heiansdo souguer eng Sportaart, déi engem esou gutt gefall huet, dass een se am léifsten direkt an engem Veräi géif weider maachen!
E grousse Merci geet un all déi Sportveräiner, déi sech engagéiert hunn, sou wéi un d’Schoulpersonal, dat alles organiséiert a begleet huet. Ouni Iech wier esou e flotte Sportsdag net méiglech gewiescht.
Mir freeën eis elo schonn op de nächste Schoulsportdag!