Kids on stage
Des Woch stoungen eis Kanner am Kader vun dengem Projet mat der UGDA op der Bün.
Den Daniel Lässer vun der UGDA huet wärend zwee Trimesteren zesumme mat de Kanner fläisseg geprouft. Mat vill Motivatioun, Freed a Gedold hunn si Lidder geléiert an och kleng Dänz virbereet.
Moies konnten d’Kanner hir Opféierung virun der Spillschoul an dem Précoce weisen. Owes sinn dunn d’Eltere komm, fir de Concert ze kucken. D’Stëmmung war immens schéin, an d’Kanner konnten houfreg weisen, wat si geléiert haten. Et war e gelongenen Owend, deen nach laang an Erënnerung bleiwe wäert.
E grousse Merci un de Daniel Lässer an d´Léierpersonal fir säin Engagement an un all d’Kanner fir hir super Leeschtung!
