Kulinarik am Schoulgaart

D´Läscht Woch hunn d´Kanner aus dem Cycle 2 vill Zäit am Schoulgaart verbruecht.

Do gouf gegruewen, gekuckt, geroch, gefillt – a virun allem vill geléiert!

Mat vill Begeeschterung hunn d’Schülerinnen a Schüler déi verschidde Geméiszorten entdeckt an hir Nimm kennegeléiert. Besonnesch spannend war et, d’Kraider mat alle Sënner z’erliewen. D’Kanner hunn un de Blieder geriicht, se tëscht de Fangere verriwwe fir d’Aromen ze entdecken an esou geléiert, wéi verschidde Kraider ausgesinn a richen.

E ganz besonnesche Gaascht huet si dobäi begleet: de Gäertner Guy vun der Sicona. Mat vill Gedold  huet hien de Kanner d’Geheimnisser vum Gaart erkläert.

D´Kanner  konnte frësch Topinambur, Rubbarb, Réidercher an  Äerdbiere direkt aus dem Gaart schmaachen. Fir déi waarm Deeg gouf et souguer e leckere Peffermënz-Téi, dee mat frësche Blieder aus dem Gaart preparéiert gouf.

D’Kanner freeë sech schonn op déi nächst Aventuren am Gaart!

Katégorie: ,