Liesnuecht am Beiestack

Den 22. Januar hate mir eng ganz besonnesch Liesnuecht am Beiestack. Mat vill Opreegung hu mir eis owes do versammelt an eis op e flotte Programm gefreet.

Als éischt hunn eis Elteren spannend a lëschteg Geschichte virgelies. Mir hu gespaant nogelauschtert a sinn a ganz aner Welte getaucht.

Duerno hu mer eis an de Schlofsak geluecht a konnten nach selwer  mat der Täscheluucht an eise Bicher schmökeren bis mer midd gi sinn.

Moies hu mir zesumme Kaffi gedronk an eis iwwer eis Liiblingsgeschichten ausgetosch.

Et war eng schéin Erfarung voller Fantasie a Freed, déi eis nach laang an Erënnerung bleift!

Katégorie: ,