Missioun Oofkillung
Bei dësen héijen Temperature muss och de Schoulsport un d’Wieder ugepasst ginn. Amplaz vu laangen a ustrengenden Aktivitéite stoung dës Kéier eng ganz besonnesch Erausfuerderung um Programm: eng frësch Waasserschluecht!
Dobäi konnten d’Kanner hir Worfpräzisioun ënner Beweis stellen an och weisen, wéi vill Ausdauer si beim Lafen, Auswäichen a Fänken hunn. Mat vill Gelaachs, gudder Laun an enger agréabler Ofkillung gouf aus der Sportstonn e richtege Summer-Highlight.
Sou mécht Beweegung och bei waarmem Wieder richteg Spaass!
