Sportsdag C2

Haut huet den C2 säi Sportsdag gefeiert. D’Kanner konnten tëscht dräi Méiglechkeete wielen: eng 15-km-Vëlostour, eng 10-km-Streck oder sportlech Atelieren an der Schoul fir déi, déi kee Vëlo haten oder net konnte matfueren.

Egal wéi eng Aktivitéit gewielt gouf, iwwerall gouf mat vill Freed, Asaz a Teamgeescht matgemaach. D’Cyclisten hunn d’Natur genoss an hir Ausdauer bewisen, wärend an der Schoul bei de verschiddenen Ateliere gespillt, gelaf a gelaacht gouf.

Et war e gelongene Sportsdag, bei deem Beweegung, Zesummenhalt a Spaass am Mëttelpunkt stoungen. Bravo un all d’Kanner fir hiren Asaz!

 

Katégorie: ,