Recycling Profis

D’Superdreckskëscht war am C2.1 op Besuch  an hat eng ganz besonnesch Missioun dobäi: eng Schatzsich!

Mat vill Begeeschterung hu mir zesummen no „Schätz“ gesicht, déi sech am Alldag verstoppen: Glas, Pabeier a Plastik. Dobäi hu mir geléiert, aus wat dës Materialien eigentlech gemaach ginn. Duerch Spiller a spannend Aufgaben hu mir verstanen, wéi wichteg et ass, Offall richteg ze trennen an eis Ëmwelt ze schützen.

Et war eng superflott Aktivitéit a lo si mir lo richteg Recycling-Profien!

Katégorie: ,