Stëmmen aus der Zäit vum Krich

D’Schüler*innen aus dem Cycle 4.2 haten haut e besonnesche Besuch: Si hunn eng Zäitzeien empfaangen, déi aus éischter Hand vum Zweete Weltkrich erzielt huet. Besonnesch beandrockend waren der Mme Martha Wagner hir Erzielungen iwwer den Alldag vun de Leit zu Lëtzebuerg wärend der Krichszäit. Gedëlleg huet si déi vill Froen aus der Klass beäntwert an de Kanner e ganz perséinlechen Abléck an eng Zäit ginn, déi si soss meeschtens nëmmen aus Bicher kennen.

No dësem Gespréich hunn d’Schüler*innen dat Gehéiert reflektéiert an un hire Presentatioune weidergeschafft, déi am Kader vum Thema entstane sinn. Dobäi ass nach eng Kéier däitlech ginn, wéi wäertvoll den Austausch mat Zäitzeien ass: Hie mécht Geschicht lieweg a weist, wéi wichteg et ass, aus de Feeler vun der Vergaangenheet ze léieren, fir datt se sech an der Zukunft net widderhuelen.

Katégorie: ,