Mat den Hänn schwätzen
Haut hunn e puer Klasse vun eiser Schoul un engem Atelier mat der Hörgeschädigtenberatung deelgeholl. Dës Berodungsstell gëtt vun der Associatioun „Solidarität mit Hörgeschädigten“ gedroen a setzt sech fir d’Interesse vu Mënsche mat enger Héierbehënnerung zu Lëtzebuerg an.
Mir kruten den Ufank vum Buch „Verstehen“ virgelies a gläichzäiteg a Gebärdesprooch gewisen. Duerno hu mir d’Fangeralphabet kennegeléiert a selwer ausprobéiert. Mir hunn eis Nimm mat den Hänn buschtawéiert.
Den Atelier huet eis en Abléck an d’Kommunikatioun vu Mënsche ginn, déi daf oder schwéierhéiereg sinn, an eis gewisen, wéi ee sech och mat den Hänn ausdrécke kann.
