Kolonie zu Munzen
Ufank Mee ass de Cycle 2 fir zwou Nuechten op Munzen an d’Kolonie gefuer. Direkt den éischten Dag hunn si eng lecker Äppeltäsch gebak. Dat huet net just gutt geroch, mee och super geschmaacht!
Duerno hunn d´Kanner d´Déiere gefiddert. Besonnesch flott war och den Tour mat der Päerdskutsch duerch d’Natur. Awer domat net genuch: an der Schräinerei hunn si e flott Bild gebastelt, an de Schmatt huet hinne gewisen, wéi een e Schlësselunhänger selwer mécht. Si hunn och geléiert, wéi een d’Päerd richteg botzt. Natierlech war och Zäit fir ze spillen: op der Spillplaz konnten d’Kanner sech richteg austoben an d’Sonn genéissen. Dës zwou Nuechten zu Munzen waren e richtegen Highlight!
Katégorie: Cycle 2, Ganz Schoul