Poppenzauber am C1

Virun der Vakanz war d’Carine Kayser bei eis op Besuch. Si gouf mat hirem fantastesche Poppentheater vun de Kanner mat groussem Applaus begréisst!

Fir déi 12 C1-Klassen huet si eng Rei magesch Geschichten op d’Bün bruecht. Vun décke Wëllschwäi bis lëschteg Leit war fir jiddereen eppes dobäi!

Besonnesch schéin: Eis Kanner si matten an d’Geschichten agedaucht. Si hu gelaacht, gestaunt, gefrot a matgemaach. Et war eng richteg Rees an d’Welt vun der Fantasie, wou all Kand eng wichteg Roll hat.

E grousse Merci un d’Carine Kayser fir dës wonnerbar Erfarung!

 

Katégorie: ,