Wanterconcert

De Cycle 2 invitéiert häerzlech op hire Wanterconcert den 18. Dezember um 18.00 an der Bartrenger Kierch!

Beem planzen

De Cycle 3.1 dierft och dëst Joer nach eng Kéier Beem a Straicher planze goen. D´Kanner hunn hier Erliefnisser selwer dokumentéiert: Auf dem Weg zum Obstgarten Gegen 9.30 Uhr verließen wir die Schule und gingen los. Wir waren 22 Kinder. 2 Lehrerinnen begleiteten uns. Wir sahen viele Pflanzen und viele Kühe unterwegs. Gegen 10:00 Uhr…

Liesnuecht

Eng spannend Liesnuecht am Cycle 2 D’Kanner aus dem Cycle 2 hunn e ganz besonneschen Owend an der Schoul verbruecht: eng Liesnuecht! An enger gemittlecher Atmosphär hunn si sech am Schlofsaal mat hire Frënn an de Schlofsäck ageriicht an  en Owend voller Geschichten a Spaass erlieft. Nodeems zesummen am Klassesall giess gouf, koumen och d’Elteren…

Visitt Science Center

Op Entdeckungsrees an d’Welt vun der Elektrizitéit! D’Kanner aus dem Cycle 2.2 haten eng spannend Visitt am Science Center, wou si sech mat der faszinéierender Welt vun der Elektrizitéit beschäftegt hunn. Si hunn geléiert, wéi d’Cage de Faraday funktionéiert a wéi se eis virun engem Blëtz schützt. Duerch spannend Experimenter konnten si entdecken, wéi elektrostatesch…

Hues de héieren – Metacom

D’Schüler vum Cycle 4 hu mat vill Engagement geschafft a presentéieren elo den zweeten Episode vun hirem Podcast. An dësem Episode hu si sech mam Thema vun der non – verbaler Kommunikatioun duerch Piktogrammer auserneegesat. Lauschtert eran an entdeckt, wéi Integratioun aktiv am Alldag gelieft ka ginn.   Hues de héieren – Episode 2

Zuch vun der Demokratie

Am Kader vum Projet * »Zuch vun der Demokratie »* haten eis jonk Bierger déi eenzegaarteg Geleeënheet, d’Chamber um Krautmaart ze besichen. Do hunn d´Kanner aus dem Cycle 4.1 mat den Deputéierten iwwer wichteg Themen diskutéiert: d’Kannerrechter, aktiv Matbestëmmung an Iddien, fir eis Gesellschaft ze verbesseren. Mat villen interessante Virschléi am Gepäck hunn d’Kanner mat Léift a…

Die Fledermaus

Hallo, ich bin Célia Maraite, eine Schülerin der Schule « Schoul Beim Schlass ». Heute haben ich une meine Kameraden eine kleine Fledermaus gerettet. Wir fanden sie draußen auf einem Fensterbrett. Schnell informierten wir uns bei der Wildtierstation, was wir machen könnten, um dem Tier zu helfen ohne ihm zu schaden. Wir besorgten uns eine Kartonschachtel, machten…

Schoulgaart

D´Kanner aus dem Cycle 2.2 hunn emseg am Schoulgaart geschafft. Sie konnte vun der Recolte profitéieren, Ier sie zesumme mam Gäertner Guy vun der Sicona de Gaart prett fir de Wanter gemaach hunn. Nieft enger leckerer Geméiszopp aus Poretten, Zelleri a Muerten hu si och Gromperen iwwert dem Feier gekacht! Wat e Genoss!

Halloween Atelier

Fir d’Freed um Liesen ze fërderen, haten d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 d’Méiglechkeet, un enger Rei vu Liesen- a Logik-Atelieren zum d’Thema Halloween deelzehuelen. Am Laf vum Moien hunn si verschidde Methode vum Liesen duerch ureegend a spilleresch Aktivitéiten entdeckt. Dës interaktiv Atelieren hunn et de Schülerinnen a Schüler erméiglecht, an…

Hues de héieren – Kannergemengerot

 Ganz houfreg präsentéieren d´Kanner aus dem Cycle 4 en Episode vun hirem Podcast « Hues de héieren? » . Si hu sech der Fro gewidmet, wéi d´Plakater entstinn, d´Walen oflafen a wat d´Kandidaten undreift, sech ze mellen. Souguer den Här Meisch stoung hinne Ried an Äntwert.   Hues de héieren – Episode 1