Eng besonnesch Adventszäit

Dëst Joer hunn d’Kanner aus dem Cycle 2 fir richteg Chrëschtdagsstëmmung gesuergt! De 17. Dezember hu si am Parc du 3ème Âge hire Gesank zum Beschte ginn, wou si mat vill Häerzlechkeet empfaange goufen. Nodeems si hire Repertoire mat Lidder wéi Jingle Bells op Lëtzebuergesch, In der Weihnachtsbäckerei an Twinkle Twinkle gesongen hunn, goufe si mat Schocki a Kuch belount.

Den Dag drop, den 18. Dezember, hu si déi selwecht Lidder an der Bartrenger Kierch gesongen. D’Akustik vun dëser besonnescher Plaz huet de Concert nach méi zauberhaft gemaach.

D’Kanner haten sech fir dësen Optrëtt iwwert 2,5 Woche ganz intensiv virbereet. Nieft bekannte Chrëschtlidder hunn si och eegen Texter erfonnt, wéi zum Beispill Oh wat ass dat kal op d’Melodie vun Amazing Grace oder e witzegen Text op d’Melodie vun Deck the Halls – natierlech mam Titel De Kanner aus dem Beiestack.

Zum groussen Ofschloss vum Concert hunn d’Jofferen an d’Schoulmeeschteren zesumme mam Ronny Riff Chrëschtdag ass do gesongen, wat bei de Kanner an den Eltere richteg gutt ukoum.

De Concert, dee ronn 30 Minutte gedauert huet, gouf vun der Gemeng ofgeronnt, déi de Kanner e waarme Schocki an den Elteren e Glühwäin offréiert huet.

Dësen Evenement war net nëmmen e musikaleschen Highlight, mee och eng schéi Geleeënheet, fir den Zesummenhalt an eiser Gemeinschaft ze feieren. Mir freeën eis elo schonn op d´nächst Joer!

 

 

 

Katégorie: ,