Nach eemol gi mer schloofen

Haut war e ganz besonneschen Dag fir eis Allerklengst! De Kleeschen an säin treie Begleeder, den Houseker, waren op Besuch! Mat grousser Begeeschterung hunn d’Kanner hier Lidder fir de Kleesche gesongen. De Kleeschen an den Houseker ware ganz begeeschtert an houfreg op d’Kanner. Natierlech haten si och eppes matbruecht: All Kand krut eng gutt gefëllten  Tiitchen mat ville Schneekeschkeeten!

Mir wënschen all de Kanner an hire Familljen e schéinen Niklosdag!

 

Katégorie: ,