Liesnuecht
Eng spannend Liesnuecht am Cycle 2
D’Kanner aus dem Cycle 2 hunn e ganz besonneschen Owend an der Schoul verbruecht: eng Liesnuecht! An enger gemittlecher Atmosphär hunn si sech am Schlofsaal mat hire Frënn an de Schlofsäck ageriicht an en Owend voller Geschichten a Spaass erlieft.
Nodeems zesummen am Klassesall giess gouf, koumen och d’Elteren op Besuch. Si hu sech d’Geleeënheet net entgoe gelooss, fir hire Kanner selwer Geschichten virzeliesen. D’Kanner ware begeeschtert an hunn opmierksam den zauberhafte Wierder vun de Lieser nogelauschtert.
Et war e onvergiesslechen Owend voller Zauber a Léift fir d’Geschichten, dee sécherlech laang an Erënnerung bleift. Eng Liesnuecht, déi eis weist, wéi flott et ass, sech Zäit fir d’Liesen ze huelen a mat Frënn a Famill Aventuren op Pabeier ze entdecken!