Kreativitéit an Aktioun

Virun e puer Woche war eng Klass aus dem Cycle 4.2 am Makerspace  – e Raum, dee Kreativitéit a technologesch Innovatioun kombinéiert. Hei hunn d’Schüler geléiert, wéi si modern Tools an Technologien op spannend a praktesch Manéier notze kënnen.

De Moie stoung e Workshop um Programm, bei deem d’Kanner hir eegen Nuetsdëschluucht gebaut hunn. Si hunn als éischt de Grondprinzip vum Stroumkrees geléiert a sech duerno un d’Zesummebaue vun hirer Luucht gemaach. Mat vill Fantasie hunn si hir nei Kreatioune personaliséiert, ier se se mat houfregem Laache mat heem geholl hunn.

De Makerspace, en innovativen a multidisziplinäre Raum fir Jonker vun 8 bis 30 Joer, bitt onendlech Méiglechkeeten, fir kreativ Projeten ëmzesetzen. Mat Ausrüstung wéi 3D-Drucker, Roboter, LaserCutter an nach vill méi kënnen hei Iddien a Realitéit ëmgewandelt ginn.

D’Visitt huet net nëmme vill Spaass gemaach, mee och Wëssen an Tüftel-Fäegkeete vermëttelt. E grousse Merci un d’Equipe vum Makerspace fir dës eenzegaarteg Erfarung!

Katégorie: ,