Policebesuch am Cycle 1

De 5. Mee krut d’Klass vun der Joffer Stéphanie Besuch vun engem ganz speziellen Team – der Police! Mat groussen Aen a voller Begeeschterung hunn d’Kanner de Policeauto vun no entdeckt, sech hannert d’Steier gesat an – natierlech – d’Siren ausprobéiert! Dat war e richtege Spektakel! Et war eng spannend a léierräich Erfarung, déi bei de…

Déi Kleng entdecken d’Liewen um Bauerenhaff

Eise Cycle 1 hat eng spannend Entdeckungstour: Et goung op de Bauerenhaff! D’Kanner dierfte Källefcher a ville verschiddene Faarwe gesinn – a souguer mat Fudder verwinnen. Mat groussen Aen hunn si gelauschtert a gekuckt, wéi esou en Déiereliewen ausgesäit. Si hu gestaunt, wéi héich esou e grousse Ballen Hee wierklech ass – an e bësse…

Geschichten, déi verbannen

D’Schüler aus zwou Klasse vum C4.2 hunn deene méi jonke Schüler aus dem C2 eng besonnesch Liesstonn geschenkt. Si hunn hinne Billerbicher virgelies – awer net einfach sou!Iwwer e puer Wochen hunn d’Schüler vum C4.2 a Workshops geléiert, wéi een eng Geschicht op eng spannend an interaktiv Manéier virliese kann. Mat verschiddenen Techniken a Methoden…

De Bangert a voller Bléi

D’Luucht gëtt méi hell, d’Villercher sangen nees a wann s Dir erausgidd kënnt dir eise Bongert a voller Bléi bestaunen. All Joer ginn hei am Bongert mat vill Léift an Äifer nei Uebstbeem geplanzt – an dat vun de Kanner aus dem Cycle 3. Si léieren dobäi net nëmmen, wéi aus engem klenge Bam e staarkt Stéck Natur gëtt, mee si droen och…

Eltereforum goes outside

Den Eltereforum Bertrange invitéiert all Elteren a Kanner häerzlech op seng gratis Outdoor-Aktivitéiten. Kommt laanscht a verbréngt eng flott Zäit zesummen an der Natur!      

 D‘Schoulhiewamm op Besuch 

Firwat sinn d’Jongen- a Meedercherskierper anescht? Wou komme Beebee‘en hier? Dat  sinn typesch Froen, déi d‘Kanner am Alldag beschäftegen. Lescht Woch hat den C2.2 d‘Geleeënheet, op dës Froen eng verständlech Äntwert ze kréien. D‘Schoulhiewamm war op Besuch an hat eng spannend Stonn fir d‘Kanner matbruecht! Mat vill Häerz an Erfarung huet si de Kanner de Kierper…

D‘Grouss Botz: Kanner am Asaz fir eng propper Ëmwelt

E Freide war et erëm esou wäit: D‘Schülerinnen a Schüler hunn sech mat giele Vesten a grousse Poschen equipéiert a sinn ausgeschwäermt, fir d‘Ëmgéigend vun der Schoul ze botzen. Mat vill Äifer an Teamgeescht hu si sech an d‘Aarbecht gestierzt an eng Partie Knascht gesammelt. D‘Kanner gouffen a verschidde Gruppen agedeelt: Déi eng hunn de…

Blann sinn – an trotzdem gesinn?

Wéi fillt et sech un, wann ee mat Blannestéck duerch d’Schoulgebai geet? Wéi kann ech eng blann Persoun am Alldag ënnerstëtzen? A wéi funktionéiert eigentlech d’Brailleschrëft? Mat dëse Froen hu sech d’Schülerinnen a Schüler aus dem Zyklus 3 an der leschter Woch auserneegesat. D’Associatioun A.M.V.A. (Association pour Malvoyants et aveugles) huet spannend Workshops an eise…

Fréjoersmaart – Save the date

Fuesparty

Freides mëttes hu mir zesummen eng flott Fuesparty gefeiert. D’Kanner hate vill Spaass mat de verschiddene Spiller, déi mir zesumme gemaach hunn. Natierlech gouf och vill gedanzt, an eng laang Polonaise duerch de Raum dierft och net feelen! Fir déi, déi Loscht haten, gouf et souguer e klenge Concours: Wien huet dee schéinste Kostüm? D’Kanner hunn…