Policebesuch am Cycle 1

De 5. Mee krut d’Klass vun der Joffer Stéphanie Besuch vun engem ganz speziellen Team – der Police! Mat groussen Aen a voller Begeeschterung hunn d’Kanner de Policeauto vun no entdeckt, sech hannert d’Steier gesat an – natierlech – d’Siren ausprobéiert! Dat war e richtege Spektakel! Et war eng spannend a léierräich Erfarung, déi bei de Kanner sécher nach laang am Kapp bleift.

 

Katégorie: