Kleng Hänn – Grouss Artisten

Dës Woch hunn eis jéngst Schoulkanner bewisen, dass och kleng Hänn ganz grouss Konscht schaffe kënnen! Am Kader vun engem kreative Projet hunn d’Kanner aus dem Cycle 1 eng Ausstellung fir hir Elteren organiséiert. Si hunn sech dobäi un de Kënschtler  James Rizzi a Wassily Kandinsky inspiréiert. Am Viraus hunn d’Kanner déi zwee Kënschtler entdeckt: Si hu geléiert, wéi den James Rizzi mat helle Faarwen a verréckte Gesiichter déi schéi Säit vun enger Stad weise wollt – a wéi de Kandinsky Téin a Gefiller a Formen a Faarwen ëmgewandelt huet. Mat vill Freed, Fantasie a Faarf hu si sech duerno selwer un d’Aarbecht gemaach. An der Ausstellung hunn d’Elteren d’Geleeënheet kritt, duerch en eegene “Mini-Musée” ze spadséieren. Mir soen e grousse Bravo un all eis kleng Kënschtler an e Merci un d´Léierpersounen, déi dat erméiglecht hunn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Ausstellung!

Katégorie: ,