Zesumme fir eng gutt Saach
D’Kanner aus dem Cycle 3 hu mat vill Engagement, Kreativitéit an Häerz dëst Joer e faarwegen Ouschtermaartorganiséiert. Si hu wochelaang gemoolt, gebastelt a gebak, fir flott Ouschterdeko ze verkafen.
Den Asaz huet sech gelount: 3126,20 Euro sinn dobäi zesummekomm – e super Resultat!
D’Geld gouf komplett un d’ONG Tsara Fo gespent. Dës lëtzebuergesch Organisatioun ënnerstëtzt déi äermst Bevëlkerung am Süde vu Madagaskar, besonnesch an der Regioun Fort Dauphin. Si baut ënner anerem Schoulgebaier a suergt fir Schoulbicher.
Dës Kéier gëtt de Montant benotzt, fir e Fussballsterrain fir eng Schoul zu Fort Dauphin unzeleeën – eng Plaz fir Spiller, Freed a Beweegung.
Haut gouf de Scheck offiziell iwwerreecht – an der Presenz vum Buergermeeschter Youri De Smet, der Mme Smith-Thijs an natierlech de Kanner.
Mir soen de Kanner, den Enseignanten an de Familljen e ganz grousse Merci fir hiren Asaz a Solidaritéit!