Virliesconcours 2026

Am Zyklus 4 hunn all d’Kanner an hire Klassen intensiv d’Virliesen geüübt fir kënnen um nationale Virliesconcours deelzehuelen. Aus all Klass gouf dunn e Klassengewënner oder Gewënnerinnen nominéiert. Dës hu sech e Freideg an der Arca virun der ganzer Schoul presentéiert a mat flotten Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch begeeschtert. Eng Jury aus Kanner…

Zesumme staark um Äis

D’Schülerinnen a Schüler haten sech en Ausfluch an d´Kockelscheier gewënscht, fir dat éischt Trimester mat enger gemeinsamer Aktivitéit ofzeschléissen. Um Äis hunn si d’Zäit genotzt, fir Schlittschong ze fueren, ze üben an sech géigesäiteg ze hëllefen. Et gouf vill gelaacht, ugeféiert an ugespornt, eng richteg flott Atmosphär. Zum Ofschloss hunn sech all bei enger waarmer Schockela…

After School Schocki

Kleng Oueren, grouss Geschichten

An der Chrëschtzäit war et besonnesch gemittlech an der Spillschoul: D’Kanner aus dem Cycle 3 waren op Besuch, fir de Spillschoulskanner Chrëschtdagsgeschichte virzeliesen. Mat vill Engagement, Gedold a Freed hunn si hir Roll als Virlieserinnen a Virlieser eescht geholl. Si hunn ënnert anerem Ein ganz besonderes Weihnachtseschenk, e Schnuddelhong fir Chrëschtdag a le mystérieux petit hérisson virgeliess.…

Chrëschtmaart vum C2

D´Kaner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech ganz häerzlech op hiere Chrëschtmaart am Centre Atert.

Nei Stëmme fir eis Gemeng

Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert. Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn…

Sécherheet am Däischteren

Aus dem Buedem op den Teller

D’Klasse vun der Joffer Stéphanie an der Joffer Liz hunn d´läscht Woch d’Schoulbänk géint hier Gummisstiwwele getosch. Si sinn op de Bauerenhaff „A Schmatten“ gefuer. Um Haff goufen d’Kanner häerzlech empfaangen. Mat Hänn, Spuet a vill Energie hunn d’Schüler a Schülerinne Grompere geraf. Duerno ass et direkt weider an d´Kiche gaang. D´Knolle goufe geschielt a…

Eis Schoulcharta

An eiser Schoul ass d´Schoulcharta méi wéi just e Blat Pabeier. Si ass e Verspriechen, dat all Kand ënnerschreift an aktiv am Alldag lieft. Eis wichtegst Wäerter sinn: Respekt: Mir si léif a manéierlech mateneen a respektéieren och materiell Objeten. Engagement: Mir komme pünktlech a virbereet an d´Schoul a ginn all Dag eist Bescht. Toleranz: Jiddereen däerf si…

Rentrée

Zanter Deeg wibbelt et an all Eck vun eiser Schoul. D’Enseignanten hunn sech mat vill Virfreed op dat neit Schouljoer virbereet. Och doheem goufe Schoulsäck gepaakt a Kleeder erausgesicht fir de groussen Dag. Haut ass et endlech esou wäit. Mir starten zesummen an e neit Joer, mat ville bekannte mee och neie Gesiichter, bei de…