E schéine Bonjour

 D’Kanner aus dem Cycle 4 hunn eng ganz spannend an onvergiesslech Woch un der belscher Plage verbruecht. D´Kanner hunn immens vill Zäit dobausse verbruecht. Nieft Sandschlässer bauen a Minigolf spillen hunn si vill vun der schéiner Natur profitéiert. Besonnesch interessant war awer de Besuch bei der Seehund-Rettung. Do hunn d’Schüler vill Neies iwwer d’Liewe vun de…

Porte ouverte Cycle 1.1

L´équipe du cycle 1.1 vous invite à leur porte ouverte le 06 juillet de 17.30 à 18.00. La porte ouverte est réservée aux parents des élèves qui débuteront au cycle 1.1 au mois de septembre.

Kids on stage

Des Woch stoungen eis Kanner am Kader vun dengem Projet mat der UGDA op der Bün. Den Daniel Lässer vun der UGDA huet wärend zwee Trimesteren zesumme mat de Kanner fläisseg geprouft. Mat vill Motivatioun, Freed a Gedold hunn si Lidder geléiert an och kleng Dänz virbereet. Moies konnten d’Kanner hir Opféierung virun der Spillschoul…

Eltere Forum

Deutsche Version Lëtzebuergesch Versioun Version française English version Versão portuguesa

Stëmmen aus der Zäit vum Krich

D’Schüler*innen aus dem Cycle 4.2 haten haut e besonnesche Besuch: Si hunn eng Zäitzeien empfaangen, déi aus éischter Hand vum Zweete Weltkrich erzielt huet. Besonnesch beandrockend waren der Mme Martha Wagner hir Erzielungen iwwer den Alldag vun de Leit zu Lëtzebuerg wärend der Krichszäit. Gedëlleg huet si déi vill Froen aus der Klass beäntwert an…

Comité des parents

Liesnuecht am Beiestack

Den 22. Januar hate mir eng ganz besonnesch Liesnuecht am Beiestack. Mat vill Opreegung hu mir eis owes do versammelt an eis op e flotte Programm gefreet. Als éischt hunn eis Elteren spannend a lëschteg Geschichte virgelies. Mir hu gespaant nogelauschtert a sinn a ganz aner Welte getaucht. Duerno hu mer eis an de Schlofsak…

Mir gi mat eiser Lanter

Fir Liichtmëssdag hunn d’Kanner mat vill Freed faarweg Lampione gebastelt. Mat Schéier, Pabeier a vill Fantasie si richteg kleng Konschtwierker entstanen. Als éischt hu mir an der Schoul eise klengen Tuer gemaach fir fir déi grouss Kanner ze sangen. Duerno si mir mat eise Lampionen duerch d’Duerf gezunn.Bei de Leit hu mir gesongen an eis Liichter houfreg gewisen. Et…

Recycling Profis

D’Superdreckskëscht war am C2.1 op Besuch  an hat eng ganz besonnesch Missioun dobäi: eng Schatzsich! Mat vill Begeeschterung hu mir zesummen no „Schätz“ gesicht, déi sech am Alldag verstoppen: Glas, Pabeier a Plastik. Dobäi hu mir geléiert, aus wat dës Materialien eigentlech gemaach ginn. Duerch Spiller a spannend Aufgaben hu mir verstanen, wéi wichteg et…

Kanner Secondhand Maart