Sécher an d’Schoul
D’lescht Woch war de Luc Steichen vum Service Sécurité Routière am C2 ënnerwee, fir de Kanner ze erklären, wéi si sech sécher am Stroosseverkéier beweegen. Hien huet eis am Shared Space gewisen, wéi geféierlech et ka sinn, virun engem Bus iwwer d’Strooss ze goen, well d’Autoen eis dann net gesinn. Hien huet och eng sécher Platz gewisen, wou ee…
Cycle 2 on Tour
D´läscht Woch war besonnesch spannend fir d’Kanner aus dem Cycle 2! Si hunn net nëmmen d’Schlittschong ugedoe a vill Spaass um Äis gehat, mee si sinn och Liichte gaang. Mat hire wonnerschéine Lampionen hunn si voller Stolz traditionell a modern Lidder gesongen. Nieft de Klassiker wéi Léiwer Herrgottsblieschen an Ech gi mat menger Lanter goufen och nei…
Vun der Iddi zum Gesetz
De Cycle 3.2 hat RDV an der Chamber. Si erzielen eis, wat si alles erlieft hunn: D’lescht Woch hate mir RDV um Krautmaart fir erauszefannen, wat d´Funktioun vun der Chamber ass a wéieng Aufgaben d´Deputéierten hunn. Nodeems mir de Prozess vun der Gesetzgebung erkläert kruten, gouf et richteg spannend: An dräi klengen Aarbechtsgruppen hu mir…
Aan op am Verkéier
Dës Woch stoung ganz am Zeeche vun der Secherheet am Verkéier. Eisen C2 huet un der Aktioun « Kuck a Klick » deelgeholl an dobäi vill wichteg Saache geléiert! Mam Jimmy, enger spezieller Popp, hu mir op eng spilleresch Aart an Weis erlieft, wat geschitt, wann een net ugestréckt ass an den Auto bremse muss. D’Resultater waren erschreckend…
Äddi 2024
Mat engem Laache kucke mir op e Joer voller schéiner Momenter zréck. Dir all – mat ärer Energie, ärem Engagement an ärem Support – hutt dozou bäigedroen, datt eis Schoul eng Plaz ass, wou jidderee sech wuel fillt a ka wuessen. Fir dës onvergiesslech Momenter soe mir eisem Team, de Kanner an den Eltere vun…
Eng besonnesch Adventszäit
Dëst Joer hunn d’Kanner aus dem Cycle 2 fir richteg Chrëschtdagsstëmmung gesuergt! De 17. Dezember hu si am Parc du 3ème Âge hire Gesank zum Beschte ginn, wou si mat vill Häerzlechkeet empfaange goufen. Nodeems si hire Repertoire mat Lidder wéi Jingle Bells op Lëtzebuergesch, In der Weihnachtsbäckerei an Twinkle Twinkle gesongen hunn, goufe si mat Schocki a Kuch belount. Den Dag drop, den 18. Dezember, hu si déi selwecht Lidder an der Bartrenger Kierch gesongen.…
Kreativitéit an Aktioun
Virun e puer Woche war eng Klass aus dem Cycle 4.2 am Makerspace – e Raum, dee Kreativitéit a technologesch Innovatioun kombinéiert. Hei hunn d’Schüler geléiert, wéi si modern Tools an Technologien op spannend a praktesch Manéier notze kënnen. De Moie stoung e Workshop um Programm, bei deem d’Kanner hir eegen Nuetsdëschluucht gebaut hunn. Si…
Le gâteau au yaourt
Sucre, farine, beurre… mélanger, verser… Wann et an der ganzer Schoul no Kuch richt, wësse mir: D’Kanner aus dem Cycle 3 hu fläisseg un hire Franséischvokabele geschafft! D’Rezept vum gâteau au yaourt aus dem Franséischbuch ass all Joer nees en Highlight. Duerch dëse klenge Projet gouf gewisen, wéi liewensno an aktiv Sproocheléiere ka sinn. Wann d’Technike…
Nach eemol gi mer schloofen
Haut war e ganz besonneschen Dag fir eis Allerklengst! De Kleeschen an säin treie Begleeder, den Houseker, waren op Besuch! Mat grousser Begeeschterung hunn d’Kanner hier Lidder fir de Kleesche gesongen. De Kleeschen an den Houseker ware ganz begeeschtert an houfreg op d’Kanner. Natierlech haten si och eppes matbruecht: All Kand krut eng gutt gefëllten Tiitchen…
Wantermaart
Och dëst Joer invitéiert de Cycle 4 op hire Wantermaart. Kommt a feiert déi schéi Wanterzäit mat eis!