Vun der Iddi zum Gesetz

De Cycle 3.2 hat RDV an der Chamber. Si erzielen eis, wat si alles erlieft hunn:

 D’lescht Woch hate mir RDV um Krautmaart fir erauszefannen, wat d´Funktioun vun der Chamber ass a wéieng Aufgaben d´Deputéierten hunn.

Nodeems mir de Prozess vun der Gesetzgebung erkläert kruten, gouf et richteg spannend: An dräi klengen Aarbechtsgruppen hu mir eiser Kreativitéit fräie Laf gelooss a selwer Projete fir nei Gesetzer entworf. Dëst huet net nëmme Spaass gemaach, mä och gewisen, wéi vill Iwwerleeungen hannert all Gesetz stiechen. Duerno hu mir de Plenarsall besicht – d´Häerzstéck vun der Chamber. Hei hu mir geléiert, wie wou sëtzt: de President, d’Deputéierten, d’Ministeren an och d’Zuschauer. Den héije Plaffong an déi vill gëllen Detailer hunn de Sall nach méi imposant gemaach.

Den Highlight vum Dag war d´Entrevue mat zwee Deputéierten: dem Här Fernand Etgen an der Mme Schoos. D’Mme Schoos huet eise Gesetzesprojeten nogelauschtert. D´Diskussiounen, déi doduerch entstane sinn, waren engersäits inspiréierend an anerersäits eng gutt Praxis, sech politesch auszedrécken.

Um Heemwee ass eise Bléck op e witzegen Detail gefall: D’Schaaschtechbotzer, déi an d’Chamber ginn, fir de Parlamentarier Gléck bei hiren Decisiounen ze bréngen. Eng flott Traditioun, déi eis faszinéiert huet. Dëse Besuch war net nëmmen eng léierräich Rees an d’Welt vun der Politik, mä och eng Geleeënheet, als Klass zesummen nei Saachen z’entdecken. Mir soen der Chamber an den Deputéierten e grousse Merci fir hiren häerzlechen Empfang!

 

Katégorie: ,