Cycle 2 on Tour

D´läscht Woch war besonnesch spannend fir d’Kanner aus dem Cycle 2! Si hunn net nëmmen d’Schlittschong ugedoe a vill Spaass um Äis gehat, mee si sinn och Liichte gaang.  Mat hire wonnerschéine Lampionen hunn si voller Stolz traditionell a modern Lidder gesongen. Nieft de Klassiker wéi Léiwer Herrgottsblieschen an Ech gi mat menger Lanter goufen och nei Lidder mat vill Begeeschterung gesongen. Natierlech gouf hir Freed belount: Fir hir flott Optrëtter hunn si eng gutt Tut voll Schneekegkeete kritt!

 

Katégorie: ,