Aan op am Verkéier

Dës Woch stoung ganz am Zeeche vun der Secherheet am Verkéier.  Eisen C2 huet un der Aktioun « Kuck a Klick » deelgeholl an dobäi vill wichteg Saache geléiert! Mam Jimmy, enger spezieller Popp, hu mir op eng spilleresch Aart an Weis erlieft, wat geschitt, wann een net ugestréckt ass an den Auto bremse muss. D’Resultater waren erschreckend a bleiwen am Kapp! Hei e kuerze Resumé vun deem, wat d’Kanner mat op de Wee kruten:

  • De Kannersëtz ass obligatoresch bis 1,50m: Kanner mussen an engem passenden Autossëtz séchergestallt ginn, bis si déi Héicht erreecht hunn. Dat ass net just wichteg, mee och gesetzlech virgeschriwwen!
  • De Sécherheetsgurt muss richteg ugedoe ginn: De Gurt hannert de Reck ze maachen, ass keng Optioun! E muss ëmmer esou ugeluecht ginn, dass en am Fall vun enger Noutbremsung Schutz bidd.
  • Sécherheetsvesten : Wann et nach däischter ass, ass eng Séchecheetsvest dee wichtegsten Accessoire. Et geltnet just fir d’Kanner, mee fir all Foussgänger, well een esou besser vun de Chauffere gesi gëtt.
  • Nëmme bei gréng iwwer d’Strooss: Eng vun de Basisreegelen: Wann d’Luucht gréng weist, ass et sécher. Mee och dann: Kuckt op all Säit iers de gees!
  • Tëschent zwee Autoen iwwer d’Strooss goen: Wann et keen Zebrasträifen gëtt, hu mir geléiert, wéi ee sech richteg duerch eng Autosrei beweegt: Mat Opmierksamkeet, engem klore Bléck op d’Säiten an dem Bewosstsinn, dass Autoen dech net onbedéngt gesinn.

    D’Kanner hunn sech richteg engagéiert an och vill Froe gestallt. Mir si ganz houfreg op eis Jonk a si sécher, dass si dës wichteg Lektiounen och dobausse wëllen uwenden.

Eng grousse Merci un d’Equipe vun « Kuck a Klick », déi dësen Dag zu engem flotte « Léieren duerch Erliewen » gemaach hunn!

Katégorie: ,