Liesnuecht
Eng spannend Liesnuecht am Cycle 2 D’Kanner aus dem Cycle 2 hunn e ganz besonneschen Owend an der Schoul verbruecht: eng Liesnuecht! An enger gemittlecher Atmosphär hunn si sech am Schlofsaal mat hire Frënn an de Schlofsäck ageriicht an en Owend voller Geschichten a Spaass erlieft. Nodeems zesummen am Klassesall giess gouf, koumen och d’Elteren…
Visitt Science Center
Op Entdeckungsrees an d’Welt vun der Elektrizitéit! D’Kanner aus dem Cycle 2.2 haten eng spannend Visitt am Science Center, wou si sech mat der faszinéierender Welt vun der Elektrizitéit beschäftegt hunn. Si hunn geléiert, wéi d’Cage de Faraday funktionéiert a wéi se eis virun engem Blëtz schützt. Duerch spannend Experimenter konnten si entdecken, wéi elektrostatesch…
Hues de héieren – Metacom
D’Schüler vum Cycle 4 hu mat vill Engagement geschafft a presentéieren elo den zweeten Episode vun hirem Podcast. An dësem Episode hu si sech mam Thema vun der non – verbaler Kommunikatioun duerch Piktogrammer auserneegesat. Lauschtert eran an entdeckt, wéi Integratioun aktiv am Alldag gelieft ka ginn. Hues de héieren – Episode 2
Schoulgaart
D´Kanner aus dem Cycle 2.2 hunn emseg am Schoulgaart geschafft. Sie konnte vun der Recolte profitéieren, Ier sie zesumme mam Gäertner Guy vun der Sicona de Gaart prett fir de Wanter gemaach hunn. Nieft enger leckerer Geméiszopp aus Poretten, Zelleri a Muerten hu si och Gromperen iwwert dem Feier gekacht! Wat e Genoss!
Hues de héieren – Kannergemengerot
Ganz houfreg präsentéieren d´Kanner aus dem Cycle 4 en Episode vun hirem Podcast « Hues de héieren? » . Si hu sech der Fro gewidmet, wéi d´Plakater entstinn, d´Walen oflafen a wat d´Kandidaten undreift, sech ze mellen. Souguer den Här Meisch stoung hinne Ried an Äntwert. Hues de héieren – Episode 1
Haffbuddies
No engem gelongene Start an dat neit Schouljoer konnten déi ronn 40 Haffbuddies hier Aarbecht och nees ophuelen Dëse Projet gouf vum Kannergemengerot an d´Liewe geruff. All Dag hunn d´Kanner aus de Cyclen 3.2, 4.1 a 4.2 d´Méiglechkeet, d´Roll vum Haffbuddy ze iwwerhuelen an aktiv zu enger positiver Schoulatmosphär bäizedroen. Déi Fräiwëlleg intervenéiere bei Konflikter,…
Don fir d´Trauerwee ASBL
D´Kanner aus dem Cycle 4 hunn duerch hire Chrëschtmaart an hire wéchentleche Kucheverkaaf 1869 € Euro gesammelt. Si hunn domat en Don fir Trauerwee ASBL gemaach, déi sech em d´Ënnerstëtzung a Begleedung vu Kanner a Jugendleche këmmert, déi eng geléifte Persoun verluer hunn.
Kannergemengerot 2024
Wärend der leschter Versammlung vum Kannergemengerot hunn déi 13 Memberen aus verschiddenen Klassen sech d´Hänn richteg dreckeg gemaach. Si hunn nei Hochbeeter fir hire Schoulhaff opgestallt a beplanzt. Dëst war awer net hiren eenzege Projet! An hirer Fräizäit hunn si nieft enger Frëndschaftsbänk mat handgemaachte Spiller an néie Reegele fir de Pausenhaff och nei Computere…
Schoulfest 2024
Als Ofschloss vum Joer organiséiert d’APECB dëse Freideg, den 12. Juli 2024, e flott Schoulfest am Duerfgaart! Dir sidd häerzlech agelueden, fir tëscht 16h00 an 20h00 laanscht ze kommen. Et gëtt verschidden Animatiounen, leckert Iessen a frëscht Gedrénks. Mir freeën eis op Iech!
Stammzellespend fir d´Nancy
Ënnerstëtzt d´Nancy a seng Famill am Kampf géint d´Leukämie!