Chrëschtmaart vum C2

D´Kaner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech ganz häerzlech op hiere Chrëschtmaart am Centre Atert.

Nei Stëmme fir eis Gemeng

Zanter Wochen huet sech alles ëm een Thema gedréint: d’Wal vum neie Kannergemengerot! Iwwerall an der Schoul goufen Iddien gesammelt a mat vill Freed a Faarf op Plakater gemoolt. D’Kanner hunn engagéiert Reklamm fir hir Kandidatur gemaach an hir Projeten erkläert. Wéi et da sou wäit war, konnt jidderee seng Stëmm an enger richteger Walkabinn…

Sécherheet am Däischteren

Eis Schoulcharta

An eiser Schoul ass d´Schoulcharta méi wéi just e Blat Pabeier. Si ass e Verspriechen, dat all Kand ënnerschreift an aktiv am Alldag lieft. Eis wichtegst Wäerter sinn: Respekt: Mir si léif a manéierlech mateneen a respektéieren och materiell Objeten. Engagement: Mir komme pünktlech a virbereet an d´Schoul a ginn all Dag eist Bescht. Toleranz: Jiddereen däerf si…

Rentrée

Zanter Deeg wibbelt et an all Eck vun eiser Schoul. D’Enseignanten hunn sech mat vill Virfreed op dat neit Schouljoer virbereet. Och doheem goufe Schoulsäck gepaakt a Kleeder erausgesicht fir de groussen Dag. Haut ass et endlech esou wäit. Mir starten zesummen an e neit Joer, mat ville bekannte mee och neie Gesiichter, bei de…

Schoulfest 2025

 E Freideg war et erëm souwäit: D’APECB huet hiert wéi all Joer d´Schoulfest am Duerfgaart organiséiert. Nieft de villen Iessen- a Gedrénksstänn goufen et och vill flott Aktivitéite fir d’Kanner. D’APECB ass eng Grupp vu benevollen Elteren. Am Laf vum Joer organiséiert d’APECB verschidden extraschoulesch Aktivitéiten an der Gemeng Bartreng, fir d’Frëndschaften tëscht de Kanner ze stäerken an och…

Hues de héieren – Episode 4

An hirem drëtten Episode vum Podcast hunn sech d’Kanner op eng spannend Recherche gemaach: Si wollten erausfannen, wéi et eigentlech zu hirer neier Maison Relais komm ass. Fir dës Fro ze klären, sinn si direkt bei d’Quell gaangen: Si hunn e flott Gespréich mam Buergermeeschter Youri de Smet gefouert, deen hinnen erkläert huet, wéi d’Iddi fir eng nei Maison Relais entstanen ass. En…

Kanner hëllefe Kanner

Als Ofschloss vun hirem Projet Kanner hëllefe Kanner hunn d´Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 4 e Scheck iwwer 3317 Euro un d´Fondation Ile aux clowns iwwerreecht. Des Suen hunn si op hirer Talentshow gesammelt!  

Visite Essentiel

Eis Klass war op Besuch bei der Redaktioun vum „L’Essentiel“ an och bei der Radiostatioun. Do hu mir vill spannend Leit kennegeléiert: den Direkter, de Chefredakter, de Graphist an nach vill aner Mataarbechter, déi zesummen den Zeitungsinhalt gestalten. Mir duerften esouguer live an der Radiossendung schwätzen! Dës Visitt war richteg interessant a mir haten all…

Im Parc Merveilleux

Am Morgen des 07. Juli sind wir mit einem großen Bus in den Parc Merveilleux nach Bettembourg gefahren. Nach unserer Ankunft haben wir uns gleich auf den Weg gemacht, um die Tiere zu besichtigen. Wir sahen Erdmännchen, Affen und auch Capybaras. Im Gehege der Capybaras lebten außerdem Maras und Lamas. Danach gingen wir weiter zu…