Rentrée
Zanter Deeg wibbelt et an all Eck vun eiser Schoul. D’Enseignanten hunn sech mat vill Virfreed op dat neit Schouljoer virbereet. Och doheem goufe Schoulsäck gepaakt a Kleeder erausgesicht fir de groussen Dag. Haut ass et endlech esou wäit. Mir starten zesummen an e neit Joer, mat ville bekannte mee och neie Gesiichter, bei de Kanner souwéi och beim Léierpersonal. Mir wënsche jidderengem e Joer voller Fortschrëtter, Freed a schéine Momenter.