Schoulfest 2025
E Freideg war et erëm souwäit: D’APECB huet hiert wéi all Joer d´Schoulfest am Duerfgaart organiséiert. Nieft de villen Iessen- a Gedrénksstänn goufen et och vill flott Aktivitéite fir d’Kanner. D’APECB ass eng Grupp vu benevollen Elteren. Am Laf vum Joer organiséiert d’APECB verschidden extraschoulesch Aktivitéiten an der Gemeng Bartreng, fir d’Frëndschaften tëscht de Kanner ze stäerken an och…
Hues de héieren – Episode 4
An hirem drëtten Episode vum Podcast hunn sech d’Kanner op eng spannend Recherche gemaach: Si wollten erausfannen, wéi et eigentlech zu hirer neier Maison Relais komm ass. Fir dës Fro ze klären, sinn si direkt bei d’Quell gaangen: Si hunn e flott Gespréich mam Buergermeeschter Youri de Smet gefouert, deen hinnen erkläert huet, wéi d’Iddi fir eng nei Maison Relais entstanen ass. En…
Kanner hëllefe Kanner
Als Ofschloss vun hirem Projet Kanner hëllefe Kanner hunn d´Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 4 e Scheck iwwer 3317 Euro un d´Fondation Ile aux clowns iwwerreecht. Des Suen hunn si op hirer Talentshow gesammelt!
Visite Essentiel
Eis Klass war op Besuch bei der Redaktioun vum „L’Essentiel“ an och bei der Radiostatioun. Do hu mir vill spannend Leit kennegeléiert: den Direkter, de Chefredakter, de Graphist an nach vill aner Mataarbechter, déi zesummen den Zeitungsinhalt gestalten. Mir duerften esouguer live an der Radiossendung schwätzen! Dës Visitt war richteg interessant a mir haten all…
Im Parc Merveilleux
Am Morgen des 07. Juli sind wir mit einem großen Bus in den Parc Merveilleux nach Bettembourg gefahren. Nach unserer Ankunft haben wir uns gleich auf den Weg gemacht, um die Tiere zu besichtigen. Wir sahen Erdmännchen, Affen und auch Capybaras. Im Gehege der Capybaras lebten außerdem Maras und Lamas. Danach gingen wir weiter zu…
Musical C2
D´Kanner aus dem Cycle 2 invitéieren Iech häerzlech op hiere Muscial Tuishi Pamoja, de 9. Juli an der Arca.
Reuse – Reduce – Recycle
Wochelaang hu verschidde Klassen un engem Floumaart geschafft, fir ënner dem Motto Reduce, Reuse, Recycle hir Klasserees ze finanzéieren. Op insgesamt 32 Stänn goufe Kleeder, Spillsaachen, Planzen an och Konschtwierker ausgestallt a verkaaft. Och wann d’waarmt Wieder de Kanner alles ofverlaangt huet, hunn si duerchgehalen a mat vill Fläiss geschafft. De Kannergemengerot war och um Start an huet hire Projet…
Banowa
D’Kanner aus dem Zyklus 2 hu mat vill Freed a Kreativitéit e musikalescht Stéck op d’Bee gestallt: Banowa, eng Geschicht voller Spannung a Fantasie. An dësem Musical brauche verschidden Déieren d’Hëllef vun engem ale Bam. Mee deen ass nëmme bereet ze hëllefen, wann d’Déiere säin Numm erausfannen. Esou entsteet eng spannend Geschicht iwwert Zesummenhalt, Teamgeescht a…
Kanner hëllefe Kanner: Talentshow fir de gudden Zweck
Wochelaang huet eng Klass aus dem Zyklus 4.2 mat vill Engagement un hirer eegener Talentshow geschafft. Vun de Castingen iwwer d’Sich no Sponsore bis hin zur ganzer Organisatioun hu si alles selwer an d’Hand geholl. Ganzer 11 Gruppe mat 33 Kanner hu gesongen, gedanzt, musizéiert oder geturnt. Mat vill Courage hu si dem Publikum gewisen,…
1. Präis Maach Math
Mir sinn ganz houfreg op d’Klass vun der Madame Diane Didling, déi dëst Joer déi éischt Plaz an hirer Kategorie beim Maach Math-Concours erreecht huet. Maach Math ass e spannenden Teamwettbewerb, bei deem d´Schüler a Schülerinnen hir logesch a mathematesch Fäegkeeten op d’Prouf stellen. Je no Alterskategorie hunn d’Klassen tëscht fënnef a siwen Problemer a…